Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ausstellung "Petit Pas de Deux"

Op Aluedung vun der Kulturkommissioun vu Groussbus war et dem Buergermeeschter Paul Engel an dem Präsident vun der lokaler Kommissioun Roger Gereke eng grouss Éier d'Ausstellung "Petit Pas de Deux" am Parsall zu Groussbus offiziell opzemaachen. Den Illustrator a Grafiker Zahrée Veerman, dee Konscht an Design zu Maastricht studéiert huet, zeechent sech aus duerch seng Fineliner Technik an engem Neo-Jugendstil mat Streetart Elementer. D'Molereien an d'Zeechnungen vum Christiane Schmalen beandrocken duerch hier selwer gemëschte Läimfaarwen; di flott dekoréiert Bicherbox bei der Kierch ass och e Wierk vun der ambitionéierter Kënschtlerin.

Am Laf vum Owend hu béid Auteuren aus hiren eegene Wierker e puer Extraiten virgelies an um Lenny Cremmer war et fir dee flotten Owend musikalesch z'encadréieren. D'Ausstellung ass nach dësen Donnersdeg, 6. Mee vun 10h00 bis 12h00 an e Samschden, 8. Mee vun 14h00 bis 18h00 op.