55. Zolwer Moart

17
Jul
17 Jul

No dem grousse Succès vum läschte Joer versprëcht déi 55. Edition vum Zolwer Moart och nees een exzellente Cru ze gin.

Sonndes steet déi 2. Editioun vun den „Harmonympesche Spiller“ um Programm. Niëft de verschiddene Concerten trieden d’Musike vu Bieles a Suessem, Käerjeng, Péiteng a Wooltz a verschiddene Kompetitioune géint eneen un.

Méindes ass ab 10 Auer de Moart ronderem d’Schoul 2000 souwéi an der rue de Belvaux, déi fir de Verkéier gespuart ass. Déi offiziell Ouverture mam Suessemer Schäffen- a Gemengerot ass um 11 Auer. Iwwer Mëtten ass beschtens fir Iessen a Gedrenks gesuergt. De ganze Mëtteg kënnt Dier dann déi eng oder aner gudd Affär machen, e gemittleche Pättchen drenken oder eng vun dene ville Spezialitéite schmaachen. Nei ass dëst Joer eise Cocktail "Knapp Royal". Och de speziell fir de Moart gebraute "Knappbéier" duarf net feelen.

Fir Animatioun suergen d’NAKED SOCKS, d’YOUNG HARMONISTS HAUTCHARAGE an d’NOBBIE DIXIE BAND. Vun 19 Auer un suergen eis beschtbekannte KNAPPBLEISER fir déi vun hinne gewinnte Superstëmmung.


Gratis Busnavette vun 10-19 Auer vum Parking ARTIKUSS.

Mäer hoffen Iech alleguer de Weekend vum 16. an 17. Juli bei eis begréissen ze kënnen a wënschen Iech e puer flott Stonnen bei der Zolwer Harmonie.

Weider Infoen op: https://www.facebook.com/Zolwer-Moart-254513114723691/