Sickerbrand an der Rue Schëtzel

D'Stater Beruffspompjeeën hu matgedeelt, datt um 15. Januar géint 3 Auer moies an der Rue Schëtzel zu engem Sickerbrand komm ass.

D'Feier ass wéinst der Iwwerlaaschtung vun engem elektrëschen Heizapparat entstanen. E Läschzuch mat 13 Mann vun de Stater Beruffspompjeeë war op der Plaz fir de Schued op e Minimum ze reduzéieren.

Zwou Fraen, déi am Haus wunnen, konnten nom Duerchlëften vum Haus nees zréck an hir Wunnéng. (Foto: LW-Archiv)