Stäresängeraktioun an der Gemeng Fëschbech

Dë Sonndeg no Dräikinneksdag war déi éischt Stäresängeraktioun. Dëst ass eng Traditioun déi et schonns Jorelaang an Däitschland gët a ganz fréier esouguer och hei am Land. Hei verkleeden sech d'Kanner als Kinneken an Engelen déi bei d'Leit heem ginn a Suen fir de gudden Zweck sammelen. Verschidden Elteren aus der Gemeng hu dës Aktioun begleet a flott Kostümer gebastelt. Sonndes mëttes huet den Dechen Felix vu Miersch dunn eng Kannermass am Veräinshaus zu Schous gehalen. 22 Kanner hunn sech un der Aktioun bedeelegt a si vun Haus zu Haus gaangen fir de Seegen op d'Haus ze bréngen an e gutt neit Joer ze wënschen. Ugefangen hu se beim Kaffiskränzchen vum Senioreveräin op der Héicht. 1 089,10 € un Donen konnten an der Gemeng gesammelt ginn, déi elo un "Missio Luxembourg" (www.missio.lu) weidergeleet ginn fir e Projet am Kenia, Regioun Turkana wou et em d'Finanzéierung vun der Waasserversuergung an der Schoulausbildung geet.

De Kanner huet et super gefall bei d'Leit ze goen an hinnen ze sangen, esou dass dës Aktioun och d'nächst Joer wäert nees gemeet ginn.