Campagne "Ouni Pestiziden

17
Mai
19 Mai

De Schäfferot an déi lokal Ëmweltkommissioun invitéieren all Schëfflenger Leit op eng ganz interessant Ausstellung mam Titel


« OUNI PESTIZIDEN »


déi vum 17. bis den 19. Mee an der « Salle Grand-Duc Jean » stattfënnt an all Dag während den Bürosstonnen op ass.


Am selwechten Kader halen den Här Nils Leches an d’Madame Marianne Kollmesch, allebéid Mataarbechter bei der « Emweltberodung Lëtzebuerg asbl », e Virtrag iwwert d’Schaffen am Gaart ouni Pestiziden. Hei kritt all interesséierten Gäertner nëtzlech a praktesch Tippe wéi am Gaart ouni de Gebrauch vu Pestiziden kann geschafft gin.


Desen Informationsowend ass den 17. Mee 2017 um 19.00 Auer an der « Salle Grand-Duc Jean ».


Den 18. Mee 2017 um 19.00 Auer, ebenfalls an der « Salle Grand-Duc Jean », gëtt de Film «Les moissons du Futur» (a franséischer Sprooch) gewisen.


Mär wäre frou vill Leit während desen Deeg begréissen ze kënnen.


Weider nëtzlech Rotschléi zu desem ganz aktuellen Thema fann Dir och op der Internetssäit www.ounipestiziden.lu.


De Schäfferot

Roland Schreiner, Buegermeeschter

Paul Weimerskirch, Schäffen

Carlo Feiereisen, Schäffen