Ofschlossfeier vun der Kannerkulturwoch an der Gemeng Käerjeng

Um Freideg de 4. August gung eng kulturräich Woch am Festsall zu Kéinzig op en Enn: 6-12 jähreg Nowuessacteuren hunn ëm Rudyard Kipling säi Dschungelbuch fir e puer Stonnen erëm opliewen geloos.


Eng Woch lang hu ronn 36 Kanner fläisseg un hiere Kostümer gebastelt, d‘Bühn mat Faarw a Gebüch gerëscht an hier Stëmmbänner op de Mowgli, Baloo a Bagheera agestëmmt.


An hirer Ried huet d’Schäffin Josée-Anne Siebenaler-Thill der Präsidentin vun der Kulturkommissioun, Antoinette Beck-Stiefer, dem Präsident vum Cercle Culturel Claus Cito, Steve Humbert, souwéi all de Leit déi zum Erfolleg vun dëser flotter Woch bäi gedroen hunn, Merci gesot!


Den Erléis vun der Ofschlossfeier geet un d‘ Associatioun “ASA - E Stopp fir de Mupp“.