Éischt Hëllef Coursen am Kolléisch

Ufank Februar 2017 hunn 42 Jonker aus dem Kolléisch an 2 Membere vum Personal hiren Éischt Hëllef Diplom feierlech vum Här Scheer vum Roude Kräiz an dem Instrukter Théo Wooning iwwerreecht kritt. Den Här Direkter Jos Salentiny huet déi nei Secouristen felicitéiert. Bei dëser feierlecher Stonn waren och den Éieregruppechef vum Éischt Hëllef Team Kolléisch Henri Mousel an de Sekretär vum Luxembourg Resuscitation Council Carlo Clarens derbäi. Déi nächst Éischt Hëllef Coursen organiséiert den EHTK am September 2017.

Bei dëser Geleeënheet goufen och 15 nei aktiv Memberen an d’Éischt Hëllef Team opgeholl. Si hunn niewent den Éischt Hëllef Coursen nach eng zousätzlech intern Formatioun gemaach, fir Secourist am EHTK ze ginn. Domat zielt den EHTK elo 43 aktiv Secouristen, déi ënnert der Leedung vum Myriam Gessner a Jean-Louis Gindt hire Motto “Schüler hëllefe Schüler” am Schoulalldag an doriwwer eraus ëmsetzen.

www.ehtk.lu