Éischt iPads op de 7e-Klassen vum LJBM

Am Kader vum Projet "one2one - Josy goes digital" huet den Direkter Claude Christnach dës Woch op enger éischter 7e-Klass de Schülerinnen a Schüler en neien iPad iwwerreecht. An deenen nächste Wochen ginn och nach all aner 7C- a 7G-Klassen souwéi och d'3CBC an d'4GTG mat iPads equipéiert. De Lycée Josy Barthel Mamer setzt also konsequent weider op modern Technologien.