Octav-Mass fir ADOC

17
Mai
19 Mai

D'Octav-Mass fir déi Häerzoperéiert ( ADOC ) gëtt dëse Freideg den 19. Mee um 11 Auer an der Crypta gefeiert. Den Aumônier Guy Diederich zelebréiert de Gottesdéngscht, deen dëst Joer fir déi 9. Kéier vun de Sängerinnen a Sänger aus dem "Becheler" vu Bereldéng gesanglech begleed gëtt. Ënner der Leedung vum Jean Kandel, un der Uergel begleed vum Michel Winter, sange mir zesummen 2 bekannt Octav-Lidder, den "Ave spes nostra " an déi IX Choral-mass „Cum Jubilo“ mat dem Gloria a Credo vu Lourdes mat lëtzebuerger Wierder an als Gowelidd "Muttergottes, mir ruffen zu Dir"! De Chouer séngt als Zwëschevers „Kommt sangt all mat eis Aleluia“ an zur Kommioun "Duerch däin Doud"!

Mir wënschen iech all eng besënnlech Octav-Feier !