Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen...

16
Mai
21 Mai

Déi drëtt Lëtzebuerger Lidderfouer sollt Dir op kee Fall verpassen : dëse Sonndeg vun 14 bis 18 Auer an der Agora vun der Abtei Neimënster!

Info-Stänn vun INECC / CEDOM / CNA / UGDA / Pius-Verband / Musep / SACEM / Uni-lu / an aner !

Ma och eng ganz Rëtsch vu flotte Concertën an Atelierën fir mat ze maachen !

Dobäi ass awer och de « Lëtzebuerger-Lidder-Archiv » mat ëm déi 4000 Wierker !

Wéi ginn Dokumenter gerett an erëm brauchbar gemach ?

Wéi entstinn Dokumenter vu Wierker déi bis elo nëmmen am Toun ze fanne woaren ?

Een neit Lidderbuch mat alen, bal vergiessene Lidder gëtt virgestallt !

An eng « Wullkëscht » mat, LP, CD a Lidder-Bicher steet bereet !

Deemno, Alles op d’Lidderfouer !