Brand op der Zowaasch

Um Freiden Owend géint halwer 9 ass Dingschtéquipe vum SaDiff (Déifferdeng/Suessem) vum 112 alarméiert gin fir en Brand op enger Terrasse an der Balcon Strooss op der Zowaasch. Bei der Erkundung op der Plaz huet sech eraus gestallt dass et um Rez-de-chaussée vun engem Haus zu engem Feier koum. Den Brand konnt schnell vun engem Otemschutztrupp lokaliséiert an geläscht gin. Den Materialschued ass héich. Eng Persoun huet missen mat der Ambulanz mat verdacht op eng Dampvergëftung an d'Spidol gefouert gin. Op der Plaz waren d'Pompjeeën vum SaDiff, d'Police Déifferdeng, d'Ambulanz Déifferdeng, Sudgaz a Creos.