Usprooch vum Buergermeeschter bei der Virstellung vum Buch iwwer de Gemengegrot


Dir Dammen an Häre Buergermeeschteren, Eierebuergermeeschter, Schëffen a Conseilleeë vun der Gemeng Jonglënster vu fréier a vun haut,
Ech begréissen iech all op eiser klenger Receptioun, wou mir d’Buch „ Die Geschichte des Gemeinderates von Junglinster“ virstellen
Ech begréissen domat dann och eis zwéin Auteuren. den René Link an de Francis Dahm
Ech begréissen och eis aktuell an och di pensionéiert Gemengefonktionnairen a Beamten, déi d’Politiker op hirem Wee iwwer Jore begleet hunn an nach begleeden.
Dëst Buch ass e lokal-geschichtlecht Dokument, dat sech duerstellt als Geschicht iwwer déi Zäit vun 1796 bis haut. Iwwer wat et an deem historesche Buch geet wäerten eis den René Link an de Francis Dahm bestëmmt mat Freed selwer erklären.
Ech sinn houfreg, den 20. Buergermeeschter vun enger Gemeng ze sinn, déi sech an deene leschte Joren konstant a rasant entwéckelt huet. An all deen Jore vun 1796 un, hunn déi Verantwortlech ëmmer fir de Bierger aus der Gemeng geschafft. Et si jeeweils d’Jalone gesat gi fir d’Zukunft, de finanzielle Mëttelen an dem Zäitgeescht no. Et war an den éischte Jore vun der Gemeng bestëmmt net einfach, wat och déi verschidden Dokumenter aus dem Buch beleeën. Et stoung net ëmmer e Gemengenhaus zur Verfügung an de Büro vum Buergermeeschter war dann bei him doheem. Eréischt mat der Zäit huet sech alles entwéckelt an huet sech méi strukturéiert duergestallt. An all de Phasen vun dëser Entwécklung sinn och vill schwéier Momenter a souguer Jore gewiescht mat Revolutiounen a Kricher, haaptsächlech den éischten an den zweete Weltkrich. Eréischt duerno ass et méi roueg ginn an eis Gemeng konnt sech kontinuéierlech entwéckelen.
Mat der Fusioun 1979 vun der Gemeng Roudemer a Jonglënster ass eng nei Zäit agelaut ginn, an d’Zuele beleeën, datt vun do un iwwert d‘80er Jore bis elo eng rasant Vergréisserung vun eiser Gemeng statt fonnt huet. D’Initiatore vun dëser Fusioun, de Buergermeeschter vun der Jonglënster Gemeng, de Gaston Stein an de Buergermeeschter vun der Roudemer Gemeng, de François Ries, hunn de Grondsteen dovu geluecht, an all de Schëffen an Conseilléiere vun 1979 aus deenen 2 Gemenge gëllt eise grousse Merci. D’Schafe vun enge vun den 1ten Fusiounsgemengen aus dem Land war e groussen Erfolleg. Haut léisst sech dat Resultat weisen an mir kënnen all dorop houfreg sinn.
Bis 1987 ass an eiser Gemeng no dem Majorzsystem gewielt ginn an duerno si mir als Proporzgemeng agestuuft ginn, well mir och deemools wäit iwwert 3000 Awunner waren. Mëttlerweil hu mir 7650 Awunner an eise Gemengerot besteet aus 13 Memberen. Mir sinn als Centre de Développement et d’Attraction national agestuuft an hunn eng Verflichtung kritt, fir a ville Beräicher wéi z Bsp. dem Wunnengsbau oder der Schafung vun Aarbechtsplazen eng Virreider-Roll ze spillen. Dat bedéngt awer och, datt all Infrastrukture wéi d’Schoulen, Sportanlagen, Kläranlagen a Waasserversuergung mussen ëmmer erëm ugepasst ginn, an domat vill Ausgaben an Iwwerleeungen mat sech brengen.
Fir zréck ze kommen op eist Buch soen ech den Auteuren Här René Link a Francis Dahm villmools Merci fir hir onermiddlech Recherchen. Si hu selwer d’Stonnen net gezielt, déi si hei op der Gemeng verbruecht hu fir alles an den Archiven ze fanne wat elo hei a dësem Buch dokumentéiert ass. Sie hunn nach vill aner Quellen duerchforst fir Ënnerlagen ze fannen fir se an desem Buch ze dokumentéieren. E grousse Merci geet och un de Marcel Beck, de Raymond Clement, den Denis Dimmer, De Jos Gonnering, de Claude Paulus, d’Tilly Rozijn-Beideler an de Marco Versall, déi mat hiren Dokumenter dozou bäigedroen hunn, eis zwéin Auteuren z’ ennerstëtzen an hire Recherchen.
De René Link an de Francis Dahm hunn aus all dëse Quellen en emfaassent an historescht Datenmaterial zesummegestallt an a Form vu digitaliséierten Duerstellungen an e Buchformat iwwersat. Dat erlaabt et de kommende Generatiounen de Werdegang vun eiser Gemeng nozevollzéien. Nom Liese vun dësem Buch hunn ech mol méi festgestallt, datt d’Geschicht vum Jonglënster Gemengerot och eng Geschicht un der Aarbecht un der Demokratie markéiert. Vun alle Buergemeeschtere bis hin zu mengen Amtsviirgängerinnen Françoise Hetto-Gaasch a Francine Colling-Kahn, als éischt Buergermeeschterinnen vu Jonglënster, wéist sech, datt d’politescht Ierwen, an deem ech stinn, als ständegt Engagement fir d’Demokratie an d’Realiséierung vun hiere Werter duerstellt. Aus dësem Grond muss och alles gemaacht gi fir d’Fortsetzung vun dësem gemeinsame Projet. Dëst Buch déngt als Erënnerung an dës historesch Aufgab an déi grouss Verantwortung vun dësem politeschen Amt. Nu geet et drëms fir dës Geschicht virunzeschreiwen, fir datt a kommenden Zäiten, Dokumenter vun eiser Aarbecht un der Demokratie zeie wäerten.