"De Cliärrwer Kanton" um Naturparkfest

D'Vereenegung << De Cliärrwer Kanton>> (DCK) war dëst Joer um Naturparkfest de 6.August vertrueden. Ët war e schéinen, agreabele Summerdag op deem sech ganz vill Leit afonnt haten, fir e puer léierräich Stonnen um Site vum Centre écologique am Park Housen ze verbréngen.

<< De Cliärrwer Kanton>> huet vun dëser Geleeënheet profitéiert fir sech méi bekannt ze maachen. All Interessenten, déi op sengem Stand passéiert sinn, konnten sech e Bild vun der Ëlwenter Bibliothéik maachen an awer och déi kulturell Zäitschrëft méi genee kenneléieren.

Mat engem klenge Quiz ass den DCK méi geziilt op de räichen historesche Patrimoine an d'Kulturlandschaft vum Naturpark agaangen.

D'Zil vun engem Naturpark ass et jo net nëmmen fir sech ëm Flora a Fauna ze këmmeren a si ze schützen. Och de Schutz vum kulturelle Patrimoine gehéiert zu den Aufgabe vun den Naturparken an dofir wollt den DCK nach eemol fir dëss gutt Saach sensibiliséieren.