Minions zu Maacher gesinn!

E Freide war erëm den Optakt vun eisem alljäerleche Moonlight Cinema an d'Léit sinn dem Opruff an de Kulturhuef mei wei nokomm. Em véierel op 9 ware leider keng Tickeeë méi do an 220 Platzen am Haff vum Kulturhuef ware gutt besat. Et gouf e gudde Maufel, e Facepaint fir d'Kanner, e flotte Filmquiz, en erfrëschende Patt fir d'Elteren an natierlech, ab 22:00 Auer, gouf et giel – Minions-giel – fir mei genau ze sinn. Kanner souwéi Erwuessener hunn sech eeschtlech amuséiert an et ass bis gutt hallwer 12 gelaacht ginn. E puer hunn sech et dann och net huele gelooss fir Samschdes Owes erëmzekommen. D'ganz Equipe vum Kulturhuef seet Iech alleguerte Merci fir déi super Stëmmung an de Support, deen dir matbruecht hutt. Mir freeën eis op alle Fall fir Iech alleguerten d'nächst Joer erëm ze gesi fir de Moonlight Cinema 2018.