En dräistëmmege Bonjour aus Island

Viru kuerzem woaren d'Muselfénkelcher vu Gréiwemaacher, op Invitatioun vum Skólakór Kársness vu Kópavogur, op eng Concertsrees an Island. Et war dëst schon déi drëtt Rees vun de Muselfénkelcher an Island, no 1988 an 2000. Deemols, virun 30 Joer, hunn d’Grënner vun de Muselfénkelcher Adely a Jemp Urwald-Krier duerch Zoufall déi deemoleg Dirigentin vum Skólakór Kársness Thórunn Björnsdóttir an engem Café zu Gréiwemaacher kennegeléiert, an déi 2 Chéier hunn sech gläich ee bäi deen aneren invitéiert. Logéiert waren si och dës Kéier rëm an den eenheemesche Gaaschtfamillen.

D’Muselfénkelcher hunn op Péngschtsonnden d’Mass zu Kópavogur gesongen, déi ënnert dem Motto „Let’s make the world great again“ stung, a konnte bäi der Ouverture vun der Ausstellung vun enger islännescher Molerin e puer Lidder zum Beschte ginn. Musikaleschen Héichpunkt war awer ganz bestëmmt de gemeinsame Concert mam Skólakór Kársness an der Kópavogskirkja. D’Muselfénkelcher hunn ënnert der Leedung vun hirer Dirigentin Nathalie Laurent a begleet um Piano vum Simon Hoffmann e flotte Programm presentéiert an hu vill Komplimenter fir hir gekonnt Présentatioune kritt. Als Ofschloss vum Concert hunn déi zwee Chéier zwee islännesch Lidder zesumme gesongen.

Island: d’Land vu Feier an Äis, vum Liicht a vun de Kontraster. Dovu konnten sech déi 32 jonk SängerInnen souwéi hir Begleeder iwerzeegen. Gullfoss, Geysir, Þingvellir (do, wou déi tektonesch Placke vun Nordamerika an Eurasien auserneen driften) a Blue Lagoon: dat sinn nëmmen e puer vun deenen Naturschauspiller, déi kee vun hinnen esou séier wäert vergiessen, grad sou wéi d’Mëtternuechtsonn ëm dës Zäit an Island, déi sou munch een vum schlofen ofgehal huet… (cu)