Generalverammlung vum Dëschtennis Gemeng Fluessweiler

Fluessweiler – Viru kuerzem huet den Dëschtennis Gemeng Fluessweiler seng véiert Generalversammlung am Centre Culturel zu Gouschteng ofgehalen. De President John Grun huet am Numm vum Comité d’Invitéeën, a besonnesch d ’ Vertrieder vun der Gemeng Fluessweiler, d ’ Sponsoren esou wéi den Éierepresident Marcel Schroeder begréisst. En trauregen a schwéiere Moment war d ' Gedenkminutt fir de laangjärege Spiller a Comitésmember Francis Kalmes deen 2016 leider vill ze fréi verstuerwen ass. Mam Jup ass nom Jos Munhoven schonns den zweete Comitésmember a Frënd an der nach jonker Geschicht vum Veräi verscheet. Den DTGF wäert si an all déi aner ni vergiessen. Duerno huet de President alle Leit Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi am leschte Joer sief et als Member oder Netmember geleescht gouf, besonnesch awer der Gemengeverwaltung, de Sponsoren, mat den Haaptsponsore Restaurant Le Menhir, Assurance Bâloise Agence Marc Gondringer an der Firma Baticonsult. De Sekretär Marco Ries huet en detailléierte Réckbléck op d' Aktivitéite vum vergaangene Joer gemaach : d ' Summerfest mat Mountainbike-Randonnée an den Träipenowend zu Fluessweiler, d ' Hierschtfest zu Nidderdonwen an d ' Wantergaudi zu Gouschteng hate groussen Uklang bäi de Leit fonnt. Am September stoung en Ausfluch op de Bodensee um Programm. Besonnesch houfreg op sportlechem Plang ass de Veräin awer op de langerhofften Opstig vu senger 1 Equipe an déi 1 Divisioun an op déi ganz gutt Resultater bei der Jugend. Hei hunn sech ënner der Leedung vum Trainer Stan Horshkov, den de Club fir d ’ Saison 17-18 och als Spiller verstäerkt besonnesch de Kim Schmit a Chloé Grun ervirgedoen. Den DTGF huet zuer Zäit 61 Lizenzen, dovu 15 am Jugendberäich an hat mat 9 Seniorsequippe a 4 Jugendeqippe um Championnat deel geholl. De Keessier Jos Hienckes huet dunn déi finanziell Situatioun presentéiert. De Buergermeeschter Théo Weirich huet déi gutt Zesummenaarbecht betount, d ’ Wichtegkeet vum DTGF als Sportsveräin an der Gemeng ënnerstrach an encouragéiert op dem Wee weiderzefueren. Matt Recht huet hien awer och gesot an higewisen dass d ' Jugendaarbecht e Fundament fir e Veräin ass an doranner misst investéiert ginn. Dofir ass a bleift d ' Haaptzil vum DTGF fir d ' Jugendaarbecht weider auszebauen. Duerno gouf déi 1. Seniorsequipe an déi 1. Cadetsequipe fir hiren Opstig geéiert. D ‘ Chloé Grun gouf fir seng 3 Plaz op der Landesmeeschterschaft am Dubbel Préminimes-Meedercher a fir eng 6 Plaz am Eenzel beim Critérium felicitéiert. Als Encouragement krut all Jugendspiller en Polo-Shirt geschenkt. Nom Bäitrëtt vum Pit Irthum an de Comité setzt dësen sech zesummen aus: Marcel Schroeder (Éierepresident), John Grun (President), Marcel Breser an Ed Steffes (Vice-Presidenten), Marco Ries (Sekretär), Jos Hienckes (Keessier), Luss Glesener, Guy Hienckes, Pit Irthum, Pol Irthum, Franz Meyers, Paulo Pereira.