80ten GEBUERTSDAAG VUM JOSETTE SASSEL-WILDINGER

Freides, de 29. Mee 1936 kruten d'Marie Marcelle Fournelle an den Nicolas Wildinger vun Iechternach Nowuess. D'Josette, hirt eenzegt Kand, huet deen Daag zu Iechternach d'Liicht vun der Welt erbléckst. Seng Mamm huet dacks vum spéide Schnéi, deen et um Päischtweekend no senger Gebuert gouf, geschwat. E puer Woche virun sengem véierte Gebuertsdaag huet d'Josette materlieft wéi déi Däitsch Lëtzebuerg besat hunn. D'Joer duerno ass säi Papp un der Tuberkulos gestuerwen. Den 10. Oktober 1944, war hatt eent vu villen déi aus Iechternach evakuéiert goufen. Zu Fouss ass hatt mat senger Mamm an dem 73 Joer ale Grousspapp iwwer Uesweller, Bech, Hielem an d'Luerenzweiler Géigend gaangen, wou si bis an de Mee 1945, bei Frënn ënnerkomm sinn.

Den 2. Mäerz 1957 huet d'Josette en amerikanesche G.I., de Fred Roosevelt Dempsey vu Victor, West Virginia, deen zu Bitburg stationéiert war, bestuet. Si goufen Eltere vu fënnef Kanner, déi si am Laaf vun de Joren am Georgia, Frankräich, Idaho, West Virginia, Spuenien, South Carolina an Texas, opgezunn hunn. 1974 ass säi Mann Freddy gestuerwen, an d'Joer drop koum d'Josette mat de Kanner Cathy, Debby, Marc, Mike an André zréck op Iechternach. Nodeems hatt d'Kanner während méi wéi enger Dose Joer eleng grouss gezunn hat, huet hatt sech den 28. August 1987 mam Francis Sassel bestuet.

Fir dem Josette säin 80. Gebuertsdaag, si seng Kanner fir déi éischte Kéier zanter 1979 nees all zu Iechternach zesummekomm. Et gouf gefeiert mat sengem Mann, de Kanner, den Eedemen a Schnaueren, a véier vun de néng Enkelkanner: Sheila, Brian, Jenny, Duane. Gefehlt hunn fënnef Enkelkanner: Cindy, Erin, Mike, André an Ian, souwéi zwee Urenkel Savannah an Taylor, déi mat engem schéine Video der Bomi gewënscht hunn.