Don fir de Regionalen Déierenasyl vun den Ofschlossklassen 2017 aus dem LNBDD

Kierzlech war de Komitee vun den Ofschlossklassen aus dem LNB op Besuch am Déierenasyl. D'Schüler, déi dëst Joer hir 1ière oder hir 13e ofgeschloss hunn, haten iwwert d'Schouljoer duerch e puer Aktiounen, wéi Kuch verkafen oder Tombolaen, Sue gesammelt fir  d'Ofschlossfeier vun hirer Lycéeszäit ze finanzéieren.  Zum Schluss sinn nach stolz 550€ iwwregbliwwen, déi dem Regionalen Déierenasyl Diddeleng als Spend iwwerreecht gi sinn.

Mir soe villmools Merci fir dee léiwe Geste a wënschen de jonke Leit nach vill Erfolleg op hirem weidere Studiewee.,