D’Theatergrupp vum LNB spillt « Peter Pan » op Lëtzebuergesch

15
Mai
19 Mai

« Peter Pan. Oder de Jong, dee nimools wollt grouss ginn » heescht dem James M. Barrie säi beléifte Klassiker vun 1904, deen dëst Joer vun der Theatertrupp vum Lycée Nic-Biever zu Diddeleng opgefouert gëtt. No de kabarettistesche Sketcher am läschte Joer tauchen d’Schüler an d’Zuschauer ënnert der Regie vun Thierry Kohn, Maximillien Jadin, Laetitia Hebbert a Steve Hoegener dës Kéier nees an eng Fantasiewelt an.

D’Theaterstéck gouf extra vum Regieteam op Lëtzebuergesch iwwersat. Well d’Theatergrupp gewuess ass, ka mat zwou Besetzunge geschafft gin. An den Haaptrolle sinn déi al Huesen Diana Da Costa a Ben Bingen (Hook) souwéi Cris Ferreira a Bob Klepper (Peter Pan) ze gesinn.

D’Joyce Van Kaufenbergh spillt d’Wendy Darling: « Et mëscht mer Spaass aus mer erauszegoen an een anere Charakter ze spillen. Et bréngt mer nei Erfahrungen an ech si méi selbstbewosst ginn. Ech si säit 7ième dobäi, also 5 Joer. Mär gefält, dass all di aner Schauspiller frëndlech sinn an dass een trotz ustrengende Prouwe ka Spaass hunn. »

D’Geschicht ëm de Peter an d’Wendy, ëm d’Lost Boys an d’Piraten an net zeläscht de béise Kapitän Hook ass weltbekannt. Op déi Geschicht, déi den Zuschauer vum viktorianesche London an d’Nimmerland entféiert, gi mer also elo hei net an.

Ervirzehiewen ass awer, dass d’Schüler net nëmmen dëst opwännegt Theaterstéck geprouft hunn, mee dass och vill Aarbecht an di aner Beräicher gefloss ass, déi fir en Theaterstéck wichteg sinn.

Ënnert der Leedung vum Fabrice Génot huet en anere Grupp Schüler eng opwänneg Bühn gebaut. A mat der Hëllef vum Sandra da Silva si fir di éischte Kéier och d’Kostümer an enger Activité parascolaire vu Schüler aus dem Lycée produzéiert ginn.


Gespillt gëtt den 15., 16. an 19. Mai, ëmmer ëm 19:30 Auer, am Festsall vum Lycée Nic-Biever zu Diddeleng.


Reservatioun ënnert der Telefonsnummer: 51 60 31