Grousse Vakanz Vide Greniers, Brocante, Vide Dressing am Déifferdenger Zentrum

13
Aug
13 Aug

Déifferdeng. Den traditionelle Rendez-vous an der Vakanz vun de Floumäert am Déifferdenger Zentrum ass dëst Joer um Sonndeg den 13. August. Op der Moartplaz, an der Foussgängerzone, beim Pavillon virum Parc, esou wéi an de Stroossen "avenue de la liberté", "avenue Charlotte", "Emile Mark", "J.F. Kennedey", "Adolphe Krieps", "Grève Nationale", "Parc Gerlache" wäerten op deene bis elo iwwert 700 Meter laafende Stänn tëschent 9 Auer an 18 Auer wäerte dann nees eng Partie Raritéiten de Proprietaire wiesselen, an déi eng oder aner gutt Affaire wäert zustane kommen.

Fir iessen a Gedrénks ass wei ëmmer gutt gesuergt . D'Membere vum lokalen Schéissclub grillen an der Foussgängerzone virun Photo-Sud an de Fraizeitclubbidd handgeschnidde Fitten zum Verkaf un. Eisekuche an/oder eng Taass Kaffi a "Wäffelcher" oder "Madeleine" mat enger Taass Kaffi ginn fir den Télévie um Kiosk op der Moartplaz vun den Dame vun der "MonaKitchen" verkaf


Zousätzlech Informatiounen an Umeldungen ënnert der Telefonsnummer +352 661 963 417 oder mail hobbydiff@handballredboys.lu oder differdange.videgreniers@gmail.com .


E weideren Datum am Déifferdenger Zentrum fir 2017 ass Sonndes den 10. September fir de Rentrées Vide Greniers. De Ofschloss vun der Outdoor Saison ass dann fir Sonndes den 08. Oktober 2017 programméiert.