AWEIUNG "NEIE BLAASCHENTER WAASSERBASENG "





D´Gemeng Luerenzweiler hat fir de Samschdeg 15. Juli 2017 op d´Aweiung vum Neie Blaaschenter Waasserbaseng agelueden. Nodeems den Här Buergermeeschter Jos. Roller am Numm vun dem Schäffen- a Gemengerot, d´Autoritéiten aus den Nopeschgemengen esou wéi d´Awunner aus der Gemeng Luerenzweiler begréiisst hat huet hin Explikatioun zu dem Neie Waasserbaseng ginn. De Waasserbaseng besteet aus zwou Inoxcüven déi jeeweils 125m³ Waasser faassen . De Käschtepunkt war mat 1.300.000,00 € ugeschloe an  huet Schlussendlech awer nuren 1.100.000,00 € kascht. No der Visite vun deem Neie Waaserbaaseng huet d´Gemeng Luerenzweiler op e Patt an e Barbecue invitéiert.




Fotoen : Steyer - Fonck Alice
© copyright