Hobbymaart zu Bartreng

30
Sep
30 Sep 01 Oct

D‘Bartrenger Musek invitéiert op déi 25. Editioun vum Hobbymaart am Centre Atert. Dësen Hobbymaart dauert zwee Deeg: 30. September, 15h00-18h00, an 1. Oktober, 10h00-18h00. Iwwer 40 Hobbykënschtler presentéieren a verkafen hir Wierker a Produiten. Sonndes weisen, als besonnesch Attraktivitéit, e Kierfmécher an d‘Stater Schmatten hir Konscht. Um Sonndesmenu steet Choucroute garnie, hausgemaachte Chili con carne an eng Assiette Wiener. Dëst Mëttegiessen muss ee virum 25. September reservéieren: hobby@bartrengermusek.lu oder bäim Guy Weirich, Tel.: 317914 oder um GSM: 621 175474. Sonndesnomëttes gëtt et eng Kaffisstuff mat Taarten, Kuchen a Bréidercher. Et kann ee säi Gléck och an enger Tombola versichen. Avis aux amateurs!