P&Ch. : Chantier op der A1 a Richtung Gaasperecher Kräiz tëscht der Aus- an der Opfaart Sandweiler/Hamm - d'Autobunn ass op deem Deel vun e Samschdeg, 25.03.2023, 12h00 bis e Méindeg den 27.03.2023, 04h00 gespaart. Deviatioun via d'Sortie Sandweiler/Hamm, duerch de RP Schaffner (Iergäertchen) an dann d'Opfaart direkt erëm op d'A1 erop. (Oppassen, Staugefor)
19:11
- CITA:
CITA : Chantier dese Weekend am Echangeur Léiweng op der A3. Am Kader vum Reamenagement vun der Diddelenger Autobunn ass d'Opfaart Léiweng a Richtung Frankräich vu Freides (24.03) - 19h00 bis Méindes (27.03) - 04h00 moies fir den Trafic gespaart. Op der A3 selwer ass déi nämlecht Zäit op der Héicht vum Echangeur Léiweng a béide Richtungen 1 Spuer gespaart. Staugefor !
19:10
- CITA:
VDL : Zu Beggen ass d'rue Henri Dunant tëscht der Kraizung mat der rue Cyprien Merjai a Walfer e Sonndeg (26.03) den Owend vun 18h00 un wéinst enger Manifestatioun gespaart. Eng Deviatioun ass gezeechent.
19:10
- CITA:
VDL : Football "European Qualifiers" Lëtzebuerg - Portugal e Sonndeg (26.03) den Owend am Stade de Luxembourg op der Cloche d'Or. Vun 18h00 Auer un ass d'Escherstrooss tëscht der rue Emile Bian an dem boulvard de Kockelscheuer fir den Trafic gespaart. (Et fuere Navetten vum P&R Kockelscheier + P&R Luxembourg Sud ; d'Busfaarten tëscht der Gare Lëtzebuerg an dem Stade de Luxembourg goufe renforcéiert.)
19:09
- CITA:
MMTP : Vëloscourse "GP Ost-Manufaktur" am Raum Bech, Berbuerg, Bruch an Hierber e Sonndeg (26.03) vun 08h30 bis 18h00. Et gëlt e sens unique um Parcours. Halt Iech w.e.g un d'Signalisatioun.
19:09
- CITA:
P&CH : Wéinst Aarbechten ass d’N1 zu Rued-Sir am Beräich vun der Barrière tëscht der Kräizung mat der rue de la Gare an der place Nico Maria Klein dëse Samschdeg (25.03) vun 06h00 bis 23h00 gespaart. Eng Deviatioun ass op der Plaz.
19:09
- CITA:
MMTP : Lafcourse "Nordstadsemi" e Sonndeg de 26.03.2023 am Raum Dikrech. D'rue de la Sûre zu Angelduerf an d'rue Joseph Merten zu Dikrech si vu moies 10h30 bis mëttes 14h00 fir den Trafic gespaart.