Changer d'édition

Konveniat vun der 13ème CG, Joergang 1999/2000

Viru genau 20 Joer, hunn si zesummen d’Schoulbänk op der 13ème CG gedréckt. Dëst war dann och de Grond, firwat d’Annick Kayser an d’Carole Dupont viru kuerzem den 18. Oktober op hiren éischte Konveniat invitéiert hunn. Et haten dann och eng ganz Rei fréier Klassekomeroden an awer och puer Proffe vun deemools de Wee op Wolz fonnt.

Nodeems si eng flott guidéiert Visitt vum Lycée du Nord duerch säin Direkter den Här Pierre Stockreiser kruten, gouf et duerno ee gudde Patt offréiert vum LN. Uschléissend goung et an de Kentucky op Lenzweiler, wou bis spéit an d’Nuecht al Geschichten erzielt goufen, an iwwert eent waren se sech all eens: Keng 20 Joer méi ze waarde fir sech all erëm ze gesinn.