Changer d'édition

Eurofloor Revival

Well fir d‘zweete Kéier haten sech di fréier Beamten zesumme mat de Kaderleit vun der fréierer Eurofloor zu Woltz Rendez-vous ginn. Nët manner wéi 84 fréier Mataarbéchter waren der Invitatioun vum Thines Fernand a senger Organisatiounsequipe nokomm. Bei gudder Stëmmung, an engem exzellenten Maufel stungen d' Errënnerungen un di grouss Zäiten vun der Eurofloor Produktioun zu Woltz am Vierdergrond. D’Gemeng Woltz hott ee Patt spendéiert, iwerdeems de Wëltzer Buergermeeschter Frank Arndt erklärt hott, wat alles um Site vun de fréiere Wëltzer Fabriken geplangt ass.

„Wunnen mat der Wooltz“ heescht de Pilotprojet deen do an de nächste Joren entstoe wäert.

Ee weidere Konveniat ass fir 2022 geplangt, wou dann „60 Jor Eurofloor“ gefeiert gëtt.