Changer d'édition

Eng Katastroph: Bushaltestell um Knupp zu Erpeldang ?

Bussen hei zu Wolz belaschten Ëmwelt méi wéi den Autosverkéier! Apart zu Erpeldang as Situatioun ganz schlëmm, do rennen se durch Duerf wéi verreckt, an déi Bushaltestelle uewen um Knupp as eng rengste Katastroph! Bussen muss hannerzech fueren an Haptstroos eran fir iwerhapt Kéier ze do ze kréien, an blockéieren dann de gesamte Verkéier. Eng komplett Fehlplanung! Bei enger Crèche an engem Bauerenhaff an bei menger Hausdir! Dass jo méi Bussgerenns hei, wéi an enger Stad! Einfach eng permanent Belästigung hei, just fir déi puer Leit déi dat gratis benotzen. Wann dat grëng Verkéierspolitik as? An Wëltzer Gemeng mat den Ponts et Chaussées kréien do einfach de Bussrrêt zu Erpeldeng nët adäquat geännert, eng Grünanlage an der Strooss hölt déi ganz Platz ewech, fir do eng besser Léisung ze fannen! Da kréien mir hei de Bussrrêt bei Hausdiir gesaat, mat dem ganzen Knascht an Kaméidi wat dat mat sech brëngt. Bal bestänneg hu mir en Bus virun der Dir halen, setzt Garagenafahrt zou, mescht ouni Passagéier dran, an de Chauffeur spillt mam Handy an den Diesel-Motor leeft och nach dobei.