Hei e klengen Artikel wei Mme Marcelet sech beschreiwt.
Ech si bestued, hun 2 erwuesse Meedecher a sin an der Santé aktif, an dat zënter 1983.
Ech hun 2009 ganz spontan 1 Kur bei der Artistin Christiane Heinen gebucht, well ech ëppes gesicht hun vir dem Stress am Berufsliewen entgéint ze wirken…..
Hun relativ séier gemierkt dass Molerei mir ganz vill Spaas mëcht an dass ech komplett ofschalten kann.
Dono hun ech mëch och bei aaner Artisten am Kur ageschriwwen , d‘schaffen mat vill Struktur a Kollagen huet mëch besonnesch ugeschwaat.
Am Ufank hun ech haaptsächlech abstrakt Biller gemolt. Virun puer Joër hun ech dann och Kuren am Figurativen ugefang ze huelen.An och mat Farwen ze molen, déi engem net sou leien as emmer rem een défi, wat vir mech perséinlech ganz wichteg as.
Bis virun Corona hun ech regelmässeg Kuren bei Dozenten op Konschtakademien am Ausland geholl, an hoffen dat lo nees endlech kënnen wéider ze machen!!!!
A menge Biller probéieren ech dem
Beobachter Zeit ze gin senger Phantasie freie Laaf ze lossen an sou e Moment vun Rouh an Zefriddenheet ze schënken…..
