Changer d'édition

Op de Spuere vum japanesche Keeser zu Wäicherdang

Op Invitatioun vun der Vereenegung « De Cliärrwer Kanton » waren de japanesche Botschafter, den Här Shigeji Suzuki, a seng Madamm op Besuch kierzlech zu Wäicherdang. Si hunn dem Prof. Tony Bourg (1912-1991), renomméierte Victor Hugo-Fuerscher an Auteur vun e sëllechen Artikelen iwwer déi franséisch Schrëftsteller, déi am Laf vun de Joerhonnerten hei zu Lëtzebuerg passéiert sinn, säin Heemechtshaus besicht. Dëst Gebai ass jo zënter 2011 als "Monument national" klasséiert an et gehéiert haut dem Roude Kräiz.

Viru 35 Joer, am Mäerz 1983, huet den haitege japanesche Keeser dëst Haus, dat jo en typeschen Éisleker Bauerenhaff mat Takeschaf an enger Kiche mat offenem Feier aus dem 19. Joerhonnert ass, op Wonsch vum Grand-Duc Jean besicht.

De President vun der Vereenegung « De Cliärrwer Kanton », den Deputéierten André Bauler, huet deenen héije Gäscht Fotoe vun der deemoleger Visitt an och de Stull gewisen, op deem den haitege Keeser am Haus Bourg souz.

De Botschafter huet sech sichtlech erfreet iwwer dëse Besuch gewisen a war séier interesséiert un den architektoneschen an historeschen Detailer ronderëm dëst aalt Bauerenhaus aus dem Joer 1834.

Als Vertrieder vun der Gemeng Klierf waren de Claude Weiler an de Georges Keipes präsent.