Changer d'édition

Schéin Ausstellung vum Arlette Gleis- Bingen zu Veianen



Veianen: Als fräischaffent Kënstlerin stellt d’Arlette Gleis- Bingen vu Bettel hir Wierker mam Thema „ J’aime les couleurs“ an der Veiner Konstgalerie, aus. Gewissen gin héi ronn 30 abstrakt Biller a Collagen. D‘Kënstlerin schafft mat verschiddenen Farwschichten, ënner aanerem mat Goudron, Marmormiel, Wueskräid, aalem Lengend a Chinapabéier. D’Vernissagefeier ass Freides, den 25. November 2022 um 19 Auer. D’Ausstellung an der Konstgalerie, 6, impasse Léon Roger zu Veianen, mat fräiem Entrée ass op: Freides, den 2.; Samsdes, den 3. a Sonndes den 4. Dezember 2022, all Kéier vun 15.00 bis 19.00 Auer, oder op Rendez-vous: GSM: 691 85 34 08. (CR ) (Foto Portrait: Charles Reiser)