Changer d'édition

Beesslek: Corneliuskierch an Weekräizer um Réimerwee

Kierch vu Beesslek

D'Corneliuskierch zu Beesslek ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Ëlwen gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Cornelius, deem säi Fest de 16. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zentral am Duerf um CR341.

Den 22. November 2019 gouf si als nationaalt Monument klasséiert.