Changer d'édition

D' Josée Fanelli spend 1010.-€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Am Konfinement huet d'Josée Fanelli vun Diddeleng Masken gebitzt. Déi flott Masken huet een bei der Madamm Fanelli kritt, an deen deen wollt konnt ee klengen Don maachen. Esou sinn 1010.- € zesummen komm, déi Madamm Fanelli un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent huet.