Changer d'édition

D'Famill Kremer-Mack spent un 1150.-€ un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner

Am Confinement huet Madamm Violette Kremer-Mack d'Bitzmachinne an al Bettwäsch geholl, an Masken gebitzt fir hirem Bekanntekrees ze schenken. Hier Masken haten esou een Succès, dass sie monter weider gebitzt huet. D'Madamm Kremer huet se awer net all fir sech gehale, mee se géint ee klengen Don verdeelt. Bei där Aktioun sinn esou 1.150.-€ zesumme komm, déi d'Famill Kremer-Mack dunn bei herrlechen Wieder un Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent huet.