Changer d'édition

20. Bourse aux plantes zu Stolzebuerg

11
sept.
2021
11 sept. 12 sept.

Freet Iech op di 20. Bourse aux plantes zu Stolzebuerg. Am flotte Kader vum Schlass an der Uertschaft un der Our bidden 50 Aussteller alles wat Gaardefrënn fir d'Hierschtsaison brauchen: Stauden, Heckeplanzen, Rousen, Kraider, Knollen, etc. Donieft Accessoiren, Dekoratioun, Konschthandwierk, kulinarisch Produkter a fachlech Berodung. D'Naturparken si mat engem Info- a Verkafsstand zum Thema "Insekteräich" vertrueden. Fir Animatioun suergt de Varieté "Lompekréimer".

Just de Cateringberäich ënnersteet dem 3G Covid-Check Regime (Schnelltester sur place méiglech).

Entrée: 5,- €, Studenten: 2,5,- €, Kanner bis 12 Joer gratis

www.naturpark-our.lu