Changer d'édition

Scheckiwwerreechung vum Stengeforter Chrëschtmaart 2018

D’Gemeng Stengefort an d’Entente des Sociétés Steinfort spenden 4650 €.

Zanter 17 Joer schon gëtt de Chrëschtmaart wärend 2 Weekender am Dezember, vun der Gemeng an der Veräinsentente organiséiert, an dëst op der Plaz virum Gemengenhaus.

An dësem Kader goufe Mëttwochs de 27. Mäerz 2019 am Centre culturel Al Schmelz direkt zwee Schecken un 2 Associatiounen iwwerreecht.

Ugangs huet de Guy Laroche, President vun der Veräinsentente, all d’Veräiner an Hobby-Kënschtler, déi um Chrëschtmaart e Chalet haten, begréisst. Trotz dem ville Reen um 1. Weekend war de Chrëschtmaart 2018 een groussen Erfolleg, esou den Här Laroche.

Och den Här Guy Pettinger, Buergermeeschter, huet sech bei all de Veräiner an Hobbykënschtler wéi och bei der Gemengeverwaltung an de Gemengenaarbechter fir hiert grousst Engagement bedankt.

Mat engem grousse Merci huet den Här Sébastien Hay, Chargé de direction vun SOS Détresse, de Scheck vun 2325 € entgéint geholl.

D’SOS Détresse bitt dank den engagéierten Benevole per Telefon a per E-Mail, Mënschen a Nout aus all méigleche Liewenssituatiounen eng diskret Hëllef un.

Iwwert ee weidere Scheck am Wäert vun 2325 € huet den Dr. Carlo Bock, President vun der Fondation Cancer, sech konnte freeën. D’Fondatioun setzt sech a fir all méiglech Informatiounen zur Virbeugung an de Kampf géint de Kriibs, wéi och d’Forderung vun Initiativen, wëssenschaftleche Fuerschungen oder och Informatiounscampagne, déi géint de Kriibs déngen.

D’Vertrieder vun den 2 Associatiounen hunn sech fir déi generéis Spend gefreet an häerzlech Merci gesoot .

Fir dat ganzt ofzeschléissen huet de Schäfferot nach een Éierewäin offréiert.