Changer d'édition

Grouss Botz #mirhalestengefortpropper

08
mars
2021
08 mars 09 mars 10 mars 11 mars 12 mars 13 mars 14 mars 15 mars 16 mars 17 mars 18 mars 19 mars 20 mars 21 mars 22 mars 23 mars 24 mars 25 mars 26 mars 27 mars 28 mars 29 mars 30 mars 31 mars 01 avr. 02 avr. 03 avr. 04 avr. 05 avr. 06 avr. 07 avr. 08 avr. 09 avr.

Konservendousen, Béchsen, Fläschen, Plastikstuten, Pneuen oder Elektroschrott  ...

alles wat een nom Wanter am Bësch a laanscht d’Weeër fënnt, gehéiert recycléiert an net an d’Natur!


Dofir invitéiere mir Iech och dëst Joer nees ganz häerzlech bei eiser grousser Fréijoersbotz an eiser Gemeng matzemaachen, dat vum


8. Mäerz - 9. Abrëll 2021


Och wa wéinst der sanitärer Kris déi traditionell Begréissung an d’Mëttegiessen am Interventiounszenter leider mussen ausfalen, wäerte mir Iech awer och dëst Joer dat benéidegt Material (Tuten, Händschen, Zaangen, Sécherheetswesten ...) fir den Zäitraum vun der grousser Botz zur Verfügung stellen.


D’Material kann ausgeléint ginn am Gemengenhaus oder am Mirador wärend de regulären ëffnungszäiten oder op Rdv.


De gesammelten Dreck kënnt Dir bei den ëffentleche Poubellen ofstellen.

Zousätzlech Poubelle fir den Tri ze maache stinn Iech zur Verfügung beim


- Pompjeesbau zu Hoen (15, Rue de l’école),

- am Schoulgaart zu Klengbetten (8, Rue de la Gare - Accès via d’Placette)

- a beim Mirador zu Stengefort (1, Rue Collart).


Bei gréissere Saache (Sperrmüll) biede mir Iech eis ze kontaktéieren an eis matzedeele wou se sech befannen (am beschte mat enger Foto an der genauer Adress resp. de Geokoordinaten):


www.steinfort.lu/signalez-le

info@steinfort.lu

399313-1


D’Natur seet iech MERCI!