Changer d'édition

Lux Rollers - Musel Pikes Promis

Am Kader vum Pikes season opening hunn d'Lux Rollers e Galamatch géint eng Pikes Promis Equipe gespillt.

Nom ganz flotten an interessante Match hunn d'Pikes de Lux Rollers e Scheck vun 1000 Euro iwwerreecht, an de Lux Rollers eng gutt Saison am hirem Championnat gewënscht.

Bei de Pikes Promis hu matgespillt: Marco Albert - Max Hengel - Ken Diederich - Laurent Schwartz  - Christian Mais - Sam Streef - Terry Lee Winn

E grousse Merci och dem Winfried Koltes a Manuel Fonseca déi de Match ganz neutral geleet hunn.