Changer d'édition

Scheckiwwerreechung vun 10.950 Euro vir Sumedco.

10.950 Euro vir Ausbau vun enger Poliklinik.


D’Poar Monnerech/Schëffleng/Steebrécken, Notre Dame de l’Évangile, huet den Erléis vun hirem Projet Social aus dem Pastoraljoer 2018/2019 der Associatioun Sumedco (Support médical et technique pour la R.D.CONGO) iwwerreecht. Den Här Smit, President vun Sumedco Lëtzebuerg, sot e grousse Merci u jiddereen deen dozou bäigedroen huet, datt déi stolz Zomm vun 10.950.- Euro zesummekomm ass. D’Kommiounskanner, privat Läit, chrëschtlech Veräiner an och Associatiounen aus de zwou Gemengen Schëffleng a Monnerech hunn heizou bäigedroen. D’Done ginn am Kader vum Ausbau vun enger Poliklinik fir d’Uschafung vun zousätzlechen Instrumenter an Utensilien gebraucht.