Changer d'édition

Diplomiwwerrechung vum Kur "Informatique à l'école"

Wei all Joer haaten dei Gemengenverantwortlech op dei offiziell Diplomiwwerrechung vum Kur “Informatique à l’école” agelueden. Desen Informatikcours ënnert der Leedung vum Claudio Mourato huet sech un all Kand aus dem Cycle 3 a 4 adresséiert. Wärend dem Schouljoer 2018/19 huet sech alles ronderem “Robotik” (Roboter programméieren) gedréint. 19 kleng Informatiker hun daat ganz Joer gewerkelt, gebastelt an ausprobéiert fir hiren Elteren an den Gemengenresponsabelen wärend enger klenger Virféierung ze weisen waat sie alles an engem Joer geléiert hun. Als kleng Unerkennung fir hirt Engagement an hir Ausdauer hun sie den 9. Juli aus den Hänn vum Buergermeeschter en Diplom kritt.