Changer d'édition

90 Joer fir Mme Annchen Gilson-Welter

Mme Anne Gilson – Welter huet den 19. September am Krees vun hirer Famill hiren 90. Gebuertsdag gefeiert. Gebuer ass Annchen zu Esch den 19. September 1929. Den 17. Mee 1959 ass Annchen mam Pierre Gilson zu Esch bestuet ginn. Si hunn 2 Kanner den Nico an Sylvie, an sinn houfreg op hir 3 Enkelkanner Yannick, Alexandra an Cathy. Nom Doud vun hirem Mann am Joer 2012 lieft si zu Esch am Seniorenheem. Mär wënschen hir eng gutt Gesondheet an nach vill schéin Joren dobäi.