Changer d'édition

Schëfflenger Fest

21
juin
2019
21 juin 22 juin

Nationalfeierdag kënnt ëmmer méi no an domadder och eist alljäerlecht Schëfflenger Fest. Dëst Joer gëtt freides, den 21. a samschdes, den 22. Juni 2019 gefeiert wéi et sech fir dëse Rendezvous gehéiert.


Fir eng gutt Ambiance, Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt! Eng flott Ënnerhalung fir grouss a kleng ass och garantéiert… Bastelaktivitéiten am Jugendhaus, Sprangschlässer um Parking CCAMR a flott Optrëtter vun eise Veräiner op der Fräiheetsplaz, esou wéi och héichwäerteg Concerte suerge fir eng gutt Stëmmung.


Där sidd all häerzlech agelueden fir mat Ärer Präsenz aus dësem Rendezvous ee richteg flott Fest ze maachen!