Changer d'édition

90 Kerzen fir d´Martha DAVID-FRIEDERES vu Ruedt-Syr


90 Kerzen fir d´Martha DAVID-FRIEDERES vu Ruedt-Syr

Zesumme mat hirer Famill , ville Frënn a Bekannten huet d´Martha David hir 90 Joer gefeiert. Et war ee schéint Fest, et gouf vill gelacht an d´Martha wosst nach esou villes ze erzielen.

D´Martha David- Friederes gouf gebuer an „Theis“ zu Ouljen den 7.Februar 1929 als Zwillingsschwëster vum Margot (déi leider kurz virun dem heigen Gebuertsdag verstuerwen ass) Zwee Bridder, de Léo an den Remy hun d´Famill nach vergréissert. D´ Famille Jos.Friederes-Schmit huet ee Bauerebetrieb bedriwwen an huet zu Krichszäiten vill Leit bei sech opgeholl an och Villen mat Iesswueren ausgehollef . Leider ass d´Mamm,d´Madame Alice Friederes –Schmit schons den 11.Juli 1949 verstuerwen an esou hunn all Kanner schon a jonken Joren am Haus an um Feld missten matschaffen.

Awer ee Bréifdréier koum deemals och schon op Ouljen, an sou koum et, dat d´Martha de jonke Mann vu Michelau besser kennen geléiert huet, a wéi sollt et och anwscht kommen: d´Martha Friederes hudt sech den 26.Juli 1955 mam Henri David vu Michelau bestued.Déi jonk Koppel huet zu Ruedt-Syr hirt Nascht gebaut an hire Jong Camille huet hirt Gléck perfekt gemach. Wéi de Camille dunn och nach d´Christiane Biver vun Uewerdonwen zu senger Frau gemach huet, du koum Liewen an d´Haus. De Laurant an dÁnne-Marie goufe gebuer a sinn de ganze Stolz vun de Grousselteren.

Leider ass den Henri David schons den 13.Mee 2013 verstuerwen, awer d´Martha huet sech net ennerkréie gelooss, No verschidden Operatioune huet d´Martha rëm de Spuet aus dem Schapp geholl an am Gaart gewuddert. Emmer schon haten „Davids“ déi schéinsten Trompetestäck an dat ass bis elo (e puer Stäck manner) esou bliwen.

Mat Hëllef vum Camille a Christiane ass d´Martha nach selbststänneg am Haus.

Léift Martha, mir all ,déi mat Dir dée ronne Gebuertsdag konnte feieren, wënschen Dir dat Allerbëscht, behal däi schéi frëndlecht Lachen, deng gutt Laun a virun allem eng gutt Gesondhéet.