Changer d'édition

Konferenz Spiller a Spillen

08
sept.
2021
08 sept.

D’Madamm Thibo Jeanne, zanter 13 Joer Guide am Dréckerei-a Spillkaartemusée zu Gréiwemaacher, hëlt Iech dëse Nomëtteg mat an d’Welt vum Spillen.

Unhand vun engem Virtrag versicht d’Madamm Thibo Iech den Ursprong an d’Geschicht vum Spill méi no ze bréngen.

Zum Spill, vun deem den Aristoteles scho gesot huet, datt et e noutwennegt Iwwel ass: engersäits bréngt et dem Mënsch Entspanung am Alldag, anersäits kann et awer och de Mënsch vun der Dugend ofbréngen.

De Schiller seet „de Mënsch ass nëmmen do richteg Mënsch wou e spillt“.

D’Meenungen iwwer d’Spill ginn also auserneen.

· Wou kënnt d’Spill hier?

· Wien huet dëst oder dat Spill erfonnt a wéini?

· Wéi huet d’Spill sech weiderentwéckelt?


Auerzäit: 15:00 Auer am Club

Präis: gratis