Changer d'édition

2 Hollerecher dominéieren Meeschterschaften am Sportfëschen bei den Veteranen.

Den Dënschden den 1.10.2019 sinn déi lëtzebuergesch Landesmeeschterschaften am Sportfëschen vun de Veteranen no 6 Manchen op en Enn gaangen.

29 Veteranen haten sech ugemellt fir dësen Championnat ze fëschen. An 2 Ausscheedungsfëschen zou Messancy hunn sech dunn missen 9 Fëscher vun 14 qualifizéieren.

24 Konkurrenten sinn bei der 1schter Manche ugetrueden.

Gefëscht ginn ass ëmmer Dënschdes. Platzen wou mer gefëscht hunn waren zou Messancy, Neufchâteau, Kinneksmaacher, 2x zou Réimech op der Musel an 1 Kéier zou Champneuville op der Meuse.

Champneuville ass a klengt Duerf am Frankräich mat 100 Awunner wou de « Canal de la Meuse » laanscht léift. Lanscht de Kanal ass lëscht Joer eng Velospiste ageweit ginn. Dës Vëlospiste kruten mir tëschent 10:00 Auer an 14:00 gespaart fir eisen Concours ofzehalen. De Buergermeeschter selwer ass Schëlter opstelle komm. Zou Lëtzebuerg kann een dovun nëmmen dreemen.

Et ass traureg dass mer 4x mussen an Ausland goen wëll mer hei zou Lëtzebuerg keng Gewässer hunn fir esou een Championnat auszedroen. Nach just op der Musel ginn et 2-3 Platzen wou een 20-30 Fëscher kann an eng Rei sëtzen.

Et ass an 3 Secteuren gefëscht ginn. Fësch waren net ëmmer um Rendezvous an déi eng oder aner Kéier huet missen mat der Bréifwo ofgewien ginn.

Spannung war awer grouss wëll no der 5 Manche louch den Marc Haliniak nach 1 Punkt virum Val Pletgen. Dee lëscht Genannten huet dunn awer bei der 6. Manche zou Réimech seng ganz Routine ausgefëscht an huet souverän gewonnen.

1 bei den Veteranen ass ginn den Val Pletgen mat 9 Punkten an 18.140 gr virun sengem Clubkomerod Marc Haliniak mat 11 Punkten an 20.380 gr. 3 ass den Ben Telen ginn mat 11 Punkten an 14.870 gr.

Nom Fëschen huet den President vun der Sektioun Claude Paulus Proklamatioun vun den Resultater gemaach a versprach dass nächst Joer eng Reorganisatioun vum Championnat géing gemaach ginn.

1) Val Pletgen 9 Punkten 18.140 gr.

2) Marc Haliniak 11 Punkten 20.380 gr.

3) Ben Telen 11 Punkten 14.870 gr.

4) John Soisson 12 Punkten 12.730 gr.

5) Denis André 13 Punkten 15.120 gr.

6) Nico Schmit 13 Punkten 12.500 gr.

7) Jean Albert 14 Punkten 14.430 gr.

8) Guy Wintersdorf 16 Punkten 11.930 gr.

9) Jeff Quintus 16 Punkten 10.610 gr.

10) Patrick Barthels 17 Punkten 9.460 gr.

mr