Changer d'édition

Et ass dest Joer erëm Rammericher Maart


Rammerich: No dem groussen Erfolleg vun de läschte Joeren war et och dest Joer un der Gemengeverwaltung fir de Rammericher Maart ze organiséieren.Spontan haten sech iwert 20 Interessenten bereet erklärt, fir all drëtten Mëttwoch am Mount, an dat bis den 17.November vun 9.00 bis 12.30 Auer op der Plaatz virum Kulturzenter zu Rammerich hir Wueren unzebidden. Eng grouss Auswiel vun Haushalts- a Gaardenartikel, Blummen, Planzen a Sträicher, Fleesch an Iesswueren, Kleeder fir Grouss a Kleng bis hin zu praktischen Haushaltsartikelen sin hei unzetreffen. Gläich bei der offizieller Ouverture vum éischte Maart an desem Joer, war et um Buergermeeschter Toni Rodesch mat senger Schëffin Myriam Binck fir allen Responsabelen an Aussteller den erhofften Erfolleg iwert dat ganzt Joer ze wënschen. De Maartkalenner vum Rammericher Maart 2021: 21.Abrël, 19.Mee, 16.Juni, 21.Juli, 18.August, 15. September, 20. Oktober an den 17. November. (CR)(FOTO: CHAREL REISER)