Changer d'édition

Abschiedsfeier fir véier laangjährig Mataarbechter


Rammerich: Gläich véier Mataarbechter, déi während laange Joeren an der Gemeng Rammerich treien Dingst erwissen hun, konnten viru kurzem am Kulturzentrum vu Rammerich am Kader vun enger schéiner Feier verabschied gin. Ugangs ass de Buergermeeschter Toni Rodesch a Präsenz vu sengem Schëfferot op d’Karriere vun denen zukünftigen Pensionären agaangen an hinnen fir Zukunft alles Guddes an eng gut Gesondheet mat op de Wee gin. Dorobbshin si folgend Leit mat engem passenden Kado als Merci geéiert gin. Marianne Kraus huet 1979 als Chargée an der „commune de Rambrouch“ ugefaang an huet vum 15. September 1986 bis zum 30. August 2021 als Léierin, mat onermiddlichem Geschëck an Ausdauer, ville Kanner an der Zentralschoul zu Kietscht dat néidigt Wëssen bäibruecht. Vum 1. September 1997 bis zum 15. Oktober 2020 huet d‘Josianne Kettel fir Ordnung a Propretéit an den Gemenge- Gebäier gesuergt. An der maison relais war d‘Marianne Heidesch vum 1. September 2014 bis zum 31. Juli 2021 voll beschäftigt. De Pitti Friedl, vum 1. Januar 1995 bis zum 15. Abrël 2020 aktiv am Technischen Service vun der Gemeng engéiert, huet sech mat vill Dévouement an den Dingst vun de Matbierger agesaat. A flotter Atmosphäre,verbonnen mat engem gudde Maufel huet dess Abschiedsfeier sengt würdigt Ënn fond. (CR ) (Foto: Charles Reiser)