Changer d'édition

Uergel gestëfft vun der Amicale aus der Seniorie Saint Joseph vu Péiteng

Den 04. Juli 2022 gouf déi 33. Generalversammlung vun der Amicale aus der Seniorie Saint Joseph vu Péiteng ofgehaalen.

D'Presidentin Eugénie Derume konnt déi 2 Schäffen, déi Hären Jean-Marie Halsdorf an Romain Mertzig an den Här Paschtouer Romain Gillen begréissen.

No den Regularien war den Här Direkter vun der Seniorie, Laurent Origer, voll des Luef fir seng Amicale, déi schonn esou lang dauernd tatkräfteg am Asaz ass, fir de Bewunner aus dem Haus d'Liewen ee bëssen ze verschéineren.

Uschléissend gouf déi nei digital Uergel, déi vun der Amicale gestëfft gouf, vum Paschtouer Romain Gillen ageweit.

Ee grousse Merci un d'Organistin Marcia Dechmann an hier Duechter, déi mat ee puer flotten Kompositiounen eis déi nei Uergel virgefouert hunn.

Zum Ofschloss gouf et den traditionellen Pat.