Changer d'édition

Traditionell 1.Mee Feier vum «Gaart an Heem Uewerkäerjeng»

Fréi am Moien - ewéi gewinnt - hat sech de Gaart an Heem Uewerkäerjeng fir den 1 Mee Rendezvous ginn. Zu enger Bäckesch Dosen goung lass, äifreg an de Bësch, fir méiglechst frësche Gréngschnëtt zesummenzedroen. Prompt gouf dësen zu zwee flotte Meekränz zesummegebonne éier e puer weider agreabel Stonnen am Grénge verbruecht gi sinn.


Traditionell kruten se vu op de Kéinzeger Weieren een vu béide Kränz iwwerreecht, am Respekt vun de recommandéierten sanitäre Mesuren. Op hirer herrlecher Terrasse ass dunn bei Ham Fritten an Zalot deen schéinen Dag gemittlech ausklénge gelooss ginn.

Deen zweete Meekranz, deen huet seng verdéngte Plaz zu Uewerkäerjeng fonnt: ën hänkt elo iwwer der Agangspaart vum Veräins séngem Lager. Fir dësen alles an allem e ganz gelongen Dag.


(C. Kieffer / M. Nitschké)