Changer d'édition

Gaart an Heem Uewerkäerjeng: Sammelbestellung mat prakteschem Liwwerservice.

Iwwer zwee Deeg huet de Gaart an Heem Uewerkäerjeng Ugangs Mee - frësch getest - eng ronn 170 Säck Buedem, respektiv 2100 Garden-a-Balkonplanzen, propper regroupéiert ausgeliwwert. Awunner aus der ganzer Gemeng Käerjeng (an doriwwer eraus) haten sech vun de Virdeeler vun enger grousser Sammelbestellung iwwerzeege gelooss, beschte Qualitéit zu virdeelhaften Präisser bestallt, an hunn sech iwwer een bequeemen, Liwwerservice gefreet. Fir Memberen war dësen esouguer gratis.


An enger Tombola hunn och nach zwou onparteiesch "Glécksfeeën" d'Nimm vu 15 gléckleche Gewënner gezunn. Dës kennen sech elo iwwer een flott Buch freeën, jeeweils mat perséinlecher Widmung an handsignéiert vum lokalen Schrëftsteller, dem Georges Haas.


Alles an allem eng Aktioun mat villen zefriddene Gesiichter.


Christophe Kieffer