Changer d'édition

De "Gaart an Heem Uewerkaerjeng" hëlleft "Käerjeng hëlleft" hëllefen.

Kuerzfristeg huet de Gaart an Heem Uewerkaerjeng " de Programm vu sengem "Back to the Bëschfest" den 18 August ëm een kuerzen - awer wichtegen - Punkt erweidert: 

Solidaritéit mat den Affer vun deem heftegen Tornado, deen d'Awunner vu Käerjeng a Péiteng den 9 August 2019 esou brutal iwwerrascht huet.

No enger kuerzer Introductioun duerch den Vize-President Christophe Kieffer, huet de Comité een Scheck an Héicht vun 1.555,54 Euro u "Käerjeng hëlleft" iwwerreecht, esou dass des Souen optimal agesat wäerten kënne ginn. 
Uschléissend huet de President Marc Hansen "Käerjeng hëlleft" an dat respektivt Wierken vun dëser Associatioun kuerz virgestallt. 


Esouwuel Käerjeng ewei Péiteng kommen esou an de Genoss vu jeweils 777,77 Euro. Eng Drëps op e warme Steen, gewess, dofir weilte mir deenen dei dat verquessen kënnen un d'Häerz leen, "Käerjeng hëlleft" ebenfalls mat engem Don op den CCPL LU78 1111 7024 7295 0000 ze ënnerstëtzen.


De Comité vum Gaart an Heem Uewerkaerjeng besteht de Moment aus folgenden Memberen: DeJong Jeff (President), Kieffer Christophe (Vize-President), Thoma-Wester Mady (Sekretärin), DeJong Henri (Trésorier), DeJong-Schambourg Marie-Jeanne, Kieffer-Thill Romy, Menardi Pascal, Nilles Jang, Reding Christian, Seresse Sascha, Steinach Carine, Volz Marcelline.