Changer d'édition

Croix-Rouge Sektiounen Käerjeng a Péiteng solidaresch mat den Affer vum Tornado.

Den 9 August 2019 huet een heftegen Multivortex-Tornado an deenen zwou Süd-Gemengen Käerjeng a Péiteng, an Zäit vu wéinegen Minutten, ënner anerem Honnerten vun Haiser - deels ganz uerg - Schied zougefüügt: du jamais vu, fir all Betraffen jeweils eng perséinlech Katastroph, wuelwessend dass net jiddereen (ganz) dedommagéiert wäert (kenne) ginn.


Déi ganz Envergure ass nach net richteg auszemaachen, …, an dach: zesummen mat de Gemengen Käerjeng a Péiteng hunn d'Associatiounen "Käerjeng hëlleft" an "Fir ee gudden Zweck - Gemeng Péiteng" eng Spendenaktioun an d'Liewen geruff, fir Bedürftegen nodréiglech mat deenen gesammelten Fong'en zur Säit ze stoen.


Getrei der Croix-Rouge hirem Motto "Mënschen hëllefen" hunn sech d‘Lokalsektiounen Käerjeng a Péiteng zesummegedoen, fir den Affer mat zur Säit ze stoen. Si hunn béiden genannten Associatiounen jeeweils een Scheck an Héicht vun 800,00 Euro ausgehännegt a géifen sech freeën wann dëse Geste Schoul maachen kéint. D’Iwwerreechung am Gesamtwäert vun 1.600,00 Euro huet den 29 August 2019 zu Käerjeng am Restaurant Béierhaascht stattfonnt.


Zu Käerjeng engagéieren sech den Dr Marc JACOBY (President), Jos WEIMERSKIRCH (Sekretär), Christophe KIEFFER (Tresorier), Jeff DeJong, Jalel BOUAZIZI, Diana FUNCK fir d‘Lokalsektioun vun der Croix-Rouge, zu Péiténg machen dat den Marco Stoffel (President a Sekretär), Sonja THIMMESCH-REULAND (Vice-Presidente), Robert HEITZ (Tresorier), Henri MAY, Florenc PRENDI, Patrick LESS, Maxime KROEMMER, Guy WALD.